“Wat sin dann Pantonsfaarwen?”
Domat konnt ech virun enger gudder Parti Joeren nach naicht ufänken. Mai Proff huet mech belächelt well ech jo als “Pabeierframënsch” misst wëssen wat do vir Faarwen op Pabeier gedréckt ginn. Mëttlerweil drécken ech meng Photoen vum Mier offset, denken helvetesch wann et em meng “Computerzeechnungen” geet an danzen duech main wonnerbaart Bréissel.
Hei ass just en Deel vun mengem Kappkino. Et kënnt wuel nach méi an och méi oft. Mee wat soll dann lo “Manchmal wenn wir liegen”? Ech lauschteren gär Tocotronic, zumools “Schatten werfen keine Schatten”. Iwwerzeeg dech. Ab 3:35 eralauschteren, d’Aen zou maan an dann kënnt en, de Kappkino. Ganz bestëmmt.