Paulchen, Paulchen

Ween hätt dat geduecht. Du hues mech rëm, du baus deng Buergen nach ëmmer an den Himmel an an den Sand. No engem éischter enttäuschenden, kuerzem Optrëtt am Zelt vum Botanique wollt ech en zu Lëtzebuerg an enger voll geprasstener Hal voller Seat-Ibizafuerer net gesinn, wollt den Hype net mat deenen deelen an mer meng gutt Meenung vun em verschäissen loossen. Also sinn ech Doheem bliwwen an hunn seng Lidder vir Méint net gelauschtert.

Jo lo, léiwen glatzkäppegen Fussballtrikotfanatiker hunn ech deng Live-Doku gesinn. Paul Kalkbrenner – A live Documentary. Si hunn en beim Spillen gefilmt. Dat sou Live-Doku’en keng Seltenheet méi sinn, gesinn mer ëmmer méi. En Kënschtler op Tour nokucken wéi en eng Masse an Beweegung setzt ass vir seng Fans ëmmer schéin. En huet sech domat also duerch Däitschland an d’Ausland gespillt. Eng Live-Doku ähnlech wéi en Fussballsmatch. Ëmmer voll mat derbäi bei den Reaktiounen aus dem Publikum eben well d’Publikumsgeraischer mol haart mol manner haart sinn. En steet an den Fussballtrikoten, mol mam Kittel do. Säin Laptop ass sympathesch mat Lännerflaggen zougepecht. Zwëschen den Live Optrëtter sinn dann säin vun Fliger zu Fliger Tourstress mat mol net sou schlechter Graphik, säin Manager, heiansdo seng Frëndin, säin Brudder an seng 10 aner Tourkollegen hannert dem DJ Pult ze gesinn.

Ech hunn beim Kucken ongeféier genau sou matgewibbt wéi déi Dausenden Leit déi virun em gedanzt hunn. Dat Interessantst ass awer eigentlech wéi ënnerscheedlech d’Leit mat ginn. Zu Berlin wonnert mech näischt. Net dat Meedercher mateneen knuutschen, net dat d’Leit hiren Paul feieren. München grenzt héchstwahrscheinlech liicht un den Lëtzebuerghype. Géing Kalkbrenner am V.I.P oder am White lafen géingen se sech d’selwecht behuelen an nach eng Fläsch Vodka mat Späizmännchecher bestellen. Frankfurt sinn jonk Erstien op Aaron um Hopsen, filmen an sharen zwou Stonnen drop op Facebook. Zu Lyon stiermen d’Fransousen d’Barrikaden. Zu Istanbul war den Sall kleng, mee d’Party gutt. An dann kennt den Melt! Picknick. Mäin Häerz schléit lo méi séier. Ech weess wéi verdammt gäil et ass op der Wiss ënnen beim Séi nieft den groussen Stahlträger ze stoen. Do vergëss de deng gutt Manéieren vun Doheem an bass vir puer Stonnen du selwer, mierks net richteg wann um 4 Auer Moies d’Sonn am Osten lues an lues op geet. Eng Hipstermass American Apparel Hoodies danzt geint den Reen. Ey, maach dat hei mol een no! Den Alkoholpegel ass zu Paräis gewuess. Mierkt een un den schweessegen Obenohnetypen. Mee ok, si hunn sech ameséiert. Ech hunn en Häerz vir Ungarn an vir d’Lidd wat en um Balaton spillt. Dofir ginn d’Leit ganz gutt mat. Op der franséischer Côte schéngen d’Leit dann wéi besiess ze sinn. Mouvement ass douce ausgedréckt wéi en den 2-Raumwohnung “Wir werden sehn” Remix spillt. Kann ech komplett novollzéie. Deemools am Fuse hunn ech mech domm an däämlech gedanzt. Wann den “Gott” engem dann och nach d’Hand schëddelen kennt sinn d’Fransousen am Himmel. Bei den “Sky and Sand Several Venues” kréien ech Héngerhaut. Den Extremzoustand ass hei iwwerall erreecht, Eskalatioun vun Emotiounen an Trance hellt keen Enn. Ëmmer dat Lidd, ëmmer bei Sky and Sand.

Den Kalkbrenner kann se mat zeien, d’Massen. En erléist an eis en Gefill vun Trance, gedanklech Fräiheet an einfach nëmmen danzen an mol bëssen dat Alldeeglecht vergiessen. Danke Paule.

Leave a Comment

Filed under Uncategorized

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Connecting to %s