Aus 5 Frënn ginn der 500
Ech ginn op main Facebookaccount. En neien Friend Request. Ech wonneren mech ween ech nach sou kennen oder kennengeleiert hunn deen main Numm rëm iwwert Internet fonnt huet. Ech kennen den Numm net. Also drécken ech op friends in common. Ok. Mir kennen eis net perséinlech mä an der virtueller Welt fällt et hautdesdaags jo net méi schwéier schnell mat engem Frëndschaft ze schléissen. Ech drécken also ganz blöd op confirm. Ëmmerhin hunn mer och 25 friends in commun déi eis verbannen. En decken Beweis also dat mer eis bestëmmt hei gudd wärten verstoen an lacker flackeg puer Likes kennen raus loosse. Jo léiwen Onbekannten deen hei Like geet schon mol direkt un dech raus wells de den Courage has rëm an d’Fal vum sozialen Netzwierk ze falen.
Ech schwätzen et un. Dir kennt et all, lo maacht net sou. Dir hutt et all schon gemat. En Friend Request op Facebook ugeholl well een deen een oder aneren och kennt, well een vläit déi selwecht Likes huet oder well d’Moss wat op der Profilphoto einfach sou schaarf ausgesäit an kucken well wat et dann sou op seng Wall schreift, ob et souvill hier gëtt wéi säin Gesicht op der Photo. D’Phänomen vun deem Verhalen besteet doran deen Mënsch eng Kéier an Realitéit kennen ze leieren. Villäicht trefft een sech eng Kéier, versteet sech gutt an trefft sech rëm. Villäicht land een am Bett oder villäicht ass et schwupps d’grouss Léift. Erzielt mer net dir hutt net schon dorun geduecht. An erzielt mer och net dir hutt iech net schon aus der Box gefreet wann der en neien Request krut. Sief dat den Rog aus Lëtzebuerg oder den George Clooney aus Amerika. Cool, kennen ech net mä knuppen ech bei meng Frënn bei. 5 oder 500, wat mëscht dat schon.
D’Thema ass bekannt an ausgeleiert. Eis verbënnt d’Leidenschaft zum Internet. Eng Kéier eng nei Frëndschaft angangen fänken mer géigesäiteg un eis Wallposts an Twittertimelines ze liesen. Gutt fannen mer dat. Ganz normal, mir wëllen dach all wëssen wat an deem eng oder deem aneren sengem Liewen sou of geet. Mir schreiwen witzeg Kommentarer ënnert Posts, liken Statusen wéi: “Hey heeey ech hunn gëschter Macaroni mat Kéis an Speck giess, voll lecker hihi!”. Mir verfollegen oscarräif Bezeihungssoaps iwwert Internet, fannen dat awer meeschtens domm, gëtt schnell langweileg also séier neies. Mir posten Videoen well iergendengem vun eisen 500 Kollegen muss dat dach bal gefalen. Ass d’Frëndschaft gefestegt ginn mer och mat eisen Blogkollegen een drenken an wëllen zesummen d’Welt besser man.
Social Network. Eng verdammt flott Saach an sech. Et ass eng Welt vun der perséinlecher Expressioun. Ech man et jo, ass schon gutt. Ech weess et all ze gutt, ech leieren quasi mat Internet ze spillen. Villäicht stinn ech doduerch en bëssen méi op mëndlech an kierperlech Expressioun. Well zouginn fannen ech en Owend mat mengen Frënn méi flott wéi en Owend meng Accounts vir 100,238′schst ze checken. Wat bréngt mer och en Poke um Facebook? Ech hunn dach léiwer mech poked een an der reeller Welt un an mäin Mënscheverstand entscheet innerhalb vun deenen 3 verzauberten Sekonnen an deem ech den Mënsch gesinn, virun em stinn ob ech sengem Charme vir eng weider Frëndschaft verfalen. Mä soss ass Facebook an Konsorten awer en zimlecht gutt Prinzip. Eng verdammt flott Saach eben.
amfong hues de iergendwéi Recht…