Mir waren all schon um Mier. Mat eiser Famill hunn mer am Summer stonnelaang Autoreesen op eis geholl vir eng Vakanz beim Mier ze verbréngen. Wéi laang d’Rees gedauert huet war egal. Haaptsaach Mier. Sinn mer duerch den leschten Péage an Südfrankräich gefuer an mer dohannen um Horizont den bloen laangen Strich gesinn hunn, hunn mer d’Gesiicht ganz schnell un d’Fënster gedréckt an fetteg Ofdréck hannerlooss. Do war et endlech. D’Mier. Duerften mer endlech aus dem stéckegen Auto erausklammen sinn mer all direkt an Richtung Mier gerannt. Sand, Salz an dann déi frësch Loft.
Ech sinn grouss ginn um Mier, hunn eng speziell Bezéiung zu der 71% Waasserbedeckung. Wéi ech kleng war ass mer dat ni opgefall wann meng Elteren mech an den Auto gesat hunn. “Mir fueren un d’Mier, rëm bëssen Loft an de Kapp opkréien heh.” Réischt bewosst ginn ass et mer wéi eng Well am Atlantik mech wech gezunn huet, mech wait raus an d’Mier gedréckt huet an ech gemierkt hunn wéi enorm d’Kraaft vum Mier ass an wisou ech ëmmer zréck un d’Mier well wann ech rëm d’Flucht virun eppes ergräifen well.
Wat vir en Gefill déi Waassermass engem gëtt ass bei jidderengem ënnerscheedlech. Et muss een awer net Mieresbiologie studéieren, weder an engem Offshore Break zu San Sebastian gesurft hunn vir ze wëssen wat d’Mier mat engem mëscht.
An lo sollt een sech virstellen et hätt een d’Mier nach ni gesinn. Nach ni am Sand gestan, nach ni Salzwaasser geschmaacht an nach ni sech am Mier dreiwen gelooss huet. Onvirstellbar? Der Leit ginn et. An Collaboratioun vun der 77ster Colors Magazine Ausgab “The Sea” weist den Dokumentarfilm “Never seen the sea” vum Pablo Pastor an 6 weideren Realisateuren 8 Leit aus ganzer Welt déi nach ni d’Mier gesinn hunn. Si hëllefen hinen hiren Dram Wierklechkeet ze man an d’Experienz vum Mier ze erliewen. Zimlech schéin wéi ech fannen.
Humanity is locked to land that covers a mere 29 percent of the Earth’s surface. Looking out at the sea – an uninhabitable environment about which we know so little – we experience a great range of emotions; from fear, melancholy and loss, to a sense of opportunity, joy, and hope. In art and literature, the sea has always been an enduring metaphor, as we see elements of ourselves reflected in its changing waters. Never Seen The Sea is a collaboration of 7 filmmakers in 7 countries to document the personal experiences of people who have never seen the sea. As they confront the unknown, and the unknowable, their life stories come the fore.
